Mar 10, 2024

Knuewelek 2024

Lo wou d'Chicons-saison färdeg ass fänken lues an lues d'Aarbechten um Feld un..an domadder och d'Aarbechten am Knuewelek. Eisen Knuewelek setzen mir am Hierscht fir datt en een Maximum vun der Wanterfiichtegkeet kann profiteieren..(OK...dest Joër flait en besselchen vill dees Gudden). Elo ass dei eischten Aarbecht am Knueweleksfeld ze kucken datt mir d'Onkraut an Schach haalen an och den Buedem erem esou seier wei meiglech waarem kreien. Dest geet alles matt engem Aarbechtsgang..an zwaar matt deem gudden aalmoudeschen "KAPPEN". Virum Kappen hun mir dem Knuewelek awer nach en besslechen Nährstoffer zoukommen geloss..an Form vun bilogisch unerkannten natiirlechen Dünger.

Mam Kappen schloen mir also glaich en ganzen Schwaarem Mecken op eng Keier:

  • Bueden gett erem duerchleft
  • D'Kraut gett am Wuestum gesteiert
  • den neien Reen kann nees an den Buedem bei d'Wuerzelen vun der Planz
  • wann et drechen sollt gin dann ass den lockeren Buedem een natiirlechen Schutz geint d'Verdonstung an domadder extrem efficace geint d'Ausdrechnen vum Buedem

Voilà, mir hoffen datt dest Iech interesseiert an wärten eis geschwenn ness matt deenen nächsten Aarbechtsschrëtt melden.

Cultiver des aliments sains pour vous et votre famille.