Oct 18, 2023

Sauermouss, gemaat wéi fréier

De Gôut ass onverwiesselbar....D'Produktioun matt der Hand...Kaabesmesser, Knaipchen an en puer Hänn fir unzepaaken... Et ass vill Aarbecht, awer et lount sëch.

Dëst Joër war den Kaabes schons Enn August zeideg. Matt dem Kaabesmesser ass den Kaabes an reng Lammellen gehuwwelt gin, an d'Gewürzer sinn no an no derbaikomm (Salz,Lorberblieder, Sinefkären,Waakelter,schwaarzen Peffer an Neeljeskäpp)........ an ëmmer nees kräfeg matt dem Holzhummer gestouss fir datt den Jus aus dem Kaabes erausgepresst gin ass Den Jus suergt dofir datt während dem Gärprozess keng Loft un den Kaabes kennt. Domadder ass eng gutt Gärung garanteiert.

No ongefeier 6 Wochen ass d'Gärung oofgeschloss an d'Waasser, waat den Kaabes firun der Loft schützt ass eng leschte Keier gewiesselt gin (daat ass 2-3 Mool noutwendig)....Elo ass d'Sauermouss an der "Endlagerung" an kann erausgeholl gin fir ziessen...

Fir Zoubereedung rooden mir Iech Folgendes:

  1. Neeljeskäpp, Waakelter an Lorbeer eraushuelen
  2. eemool an kachend Waasser geheien an et 2 Minuten kachen loossen
  3. Waasser oofschedden
  4. an engem Deppen besselchen mooeren Speck ubrooden an daat oofgekachten Sauermouss derbaiginn...
  5. Eng bis zwou Zeiwen Knuewelek derbai.
  6. Je noo Pràferenz e bessi Salz an eng Schlupp Esseg...
  7. Ca. 30 min bei mettlerer Hetzt an zouenem Deckel goen loossen

Färdeg....gudden Appetit

P.S eist Sauermouss ass an Portiounen vun 500g sous-vide verpaakt (fir 2-3 Persounen) an kann problemlos agefruer gin...(Präis 5€ pro Portioun)

Cultiver des aliments sains pour vous et votre famille.