Mar 11, 2023

seasons closing-sëller Chicon'en

Et ass schons März an d'Fréihjoër huet schons um Kalenner ugefaangen. Dest ass een Zeechen datt d'Saison vun eisem traditionnellen Wantergemeis, den Chicon'en lues an lues op een Enn geet. Mir hun nach Wuerzelen fir zwou Récolten astoen ( d'Woch vum 13.03 an d'Woch vum 20.03) Dono sin d'Wuerzelen all opgebraucht an lues an lues kenne mir eis op nëi gring Zaloot aus dem Gaard freen.

Wann Dir iech wellt saisonal ernähren, dann musst Dir Iech bis Dezember gedöllechen bis datt Dir nees Chicon'en kritt. Wann een esouuu laang muss waarden dann schmaachen die eischt emsou besser....

An deem Sënn freen mir eis schons op dei nächsten Saison an soen Iech een groussen MErci fir ärt Vertauen an är Ennerstetzung.

Haalt eisen Blog am Aan, am nächsten Artikel wärt et em eisen frëschen Knuewelek goen.... Lecker Rezepter fir Knuewelekszopp oder fir den Grill ...... yammi...

Ausserdeem hun mir interessant Cooperatiounen dei sech grad entweckelen.... an flott Projet'en déi sech mettelfristeg réaliseieren... sidd gespaant...

Cultiver des aliments sains pour vous et votre famille.