May 15, 2022

Den Aillet 2022 ass do

Mir sinn frou fir Iech kenne matzedeelen datt deen éischten Aillet vun der Saison 2022 prett ass fir an den Verkaaf.

Wann dir es wëllt, dann schéckt eis eng mail op eis Email oder rufft einfach un... Mir sinn disponibel an flexibel....

Den Aillet ass ideal fir Zosen, Zoppen, Fleesch ze wierzen ....alles kritt een häerzhaften delikaten Goût. Mam dem matgekachten Aillet kennt dir och är Plat'en decoréieren andeems dir en nieft dem Brot drappéiert ...(sou wei z.B. glaséiert Schallotten).

Probéiert et aus... botzt déi baussegst Blieder erof, well déi kennen mol holzeg sinn...an leet en an Lamellen vun 10 cm geschnidden an Zooss . Loosst en mat dem Fleesch zesummen am Dëppen garen... Den Aillet passt wéinst sengem doucen Knueweleksaroma bei all Fleeschzorten... Ech perséinlech brauch och manner Salz, well den Aroma vum Aillet duer geet...

Mir freen eis op Iech!

Cultiver des aliments sains pour vous et votre famille.