Dec 1, 2022

Nei, nei , nei....

Knuewelekscrème an Knueweleksuelech

Aus Knuewelek kann een richteg vill lecker Saachen maachen...

Mir hun elo aus eisem zweeten choix eng Knuewelekscrème an een Knueweleksuelech fir Iech. Matt RICHTEG vill Knuewelek drann...an guddem extra virgenem Olivenuelech.... Daat bescht ass...waat en mei laang steet, waat den Goût mei intensiv gett... noo beschter Hausfraa'en Maneier hei um Haff an der Kichen gekniwwelt.

D'Knuewelekscrème ass aus gegrilltem Knuewelek matt Olivenuelech... ganz douce awer trotzdem onverkennbar knuewelekech. Immens fir einfach matt der Baguette ziessen oder awer an enger Zooss oder op gegrilltem Fleesch oder Fesch derbaizeginn.... Kommt en schmaachen.... en ass als limiteiert Oplaach dest Joër verfügbar...

Bis geschwenn bei eis um Haff... do ginn et nach vill aaner Saachen ze kucken an ze schmaachen!!!!

Cultiver des aliments sains pour vous et votre famille.