Aug 11, 2021

sëller geet online

ELO...en Freideg den Owend, den 6. August 2021 geet eisen fonkelneien an alleréischten Internetsite online. Mir sin richteg stolz dorober an hoffen en gefällt Iech grad esou gutt wie eis.

Op deser Plaatz am Blog wärten mir Iech um Laafenden haalen waat et Neits gëtt...souwuel bei den Drëppen wei och beim Knuewelek...an och mool der enger oder anerer Photo vun eisen Arbechten heiheem um Haff.

Fir den Rescht...vill Spaass beim Stöberen, an flait bis geschwënn hei um Haff an der Kiemerchen.

matt beschte Greiss vun der ganzer Famill Conter-Hennicot

P.S. Merci Kevin, Hugo an Rafael fun EPIC services vun Noumer fir dei vill Gedold an deen super Enkadrement. Virun allem awer fir dei vill Arbecht fir des Internetsait opzebauen an matt Liewen ze fëllen!

Cultiver des aliments sains pour vous et votre famille.